Vum geléierte Comptabel zum präägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Dës Woch begréisse mir am Klassik Talk de Claude Mangen, deen hei beim Radio 100 ,7 nämlech keen Onbekannten ass. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, ganz geschwë fänkt fir hien awer en neie Liewensabschnëtt un.
Ursprénglech hat hien eng Ausbildung an der École de Commerce et de Gestion (ECG) gemaach. Eigentlech hat de Claude Mangen eng sécher Plaz als Comptabel. Mat 27 setzt hien awer alles op eng Kaart a geet an den Theater. Dono war hie 25 Joer laang beim Radio 100,7, als Speaker an als Programmchef. Fir hie war de Radio ëmmer eng Form vu Bün, bei där hien éischter am Hannegrond Regie gefouert huet. 2019 tauscht de Claude Mangen de Mikro géint e Regiestull a gëtt Direkter vum Mierscher Kulturhaus, aus deem ënner senger Féierung de Mierscher Theater gëtt. Säin Ziel: méi, wéi "just" e regionalen Noversuerger ze sinn. Mat 63 geet de Claude Mangen an d'Pensioun an léisst Plaz fir déi nächst Generatioun. Ab August 2026 iwwerhuelen de Pit Ewen an den Olivier Garofalo säi Posten.
An dëser Episod vu Klassik Talk erzielt de Claude Mangen iwwer den entscheedende Moment wou hien decidéiert huet, de séchere Wee vun den Zuelen ze verloossen, a sech fir d’Magie vun der Bün entscheet huet. Mir schwätzen iwwer véier Joerzéngt u Lëtzebuerger Theatergeschicht. Nostalgesch erzielt hien och, wéi hien an enger Zäit wou den Internet nach net relevant war, d’Grënnung vum soziokulturelle Radio 100,7 erlieft a matgestallt huet an firwat d’Dokumentatioun vun der Kulturgeschicht him sou vill um Häerz louch. Hien deelt eis seng Wënsch mat, fir d'Zukunft vum Mierscher Theater an wat seng Liewensphilosophie mam Gänsespill ze dinn huet.